Autor: Annick Sinner
D’Annick Sinner, gebuer 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass Léierin an Illustratorin. Si huet eng Rei Bicher
illustréiert, déi ënner anerem bei den Editions Guy Binsfeld an den Editions Ultimomondo erauskoumen. Zanter
e puer Joer geet et her awer net méi duer, Geschichten op Pabeier ze molen. De Figurentheater erméiglecht
hir eng Mäerchewelt selwer ze gestalten a Kanner an Erwuessener domat ze verzauberen.