De Pol muss an de Krich

Erënnerongen an Niewesaachen

von

Wann e Politiker a senge Memoire vun deene Leeschtonge schwätzt, déi duerch hien oder duerch seng Initiativ realiséiert goufen, dann dréit hien doduerch zur nationaler oder lokaler Geschichtsschreiwong bäi a setzt sech e klengt perséinlecht Monument. An dat ass säi gutt Recht. Wann een, deen duerch de Krich Schreckleches huet misste matmaachen – e wor vläicht am Prisong, am Kazett oder un der Front – sech seng schlëmm Erliefnësser vun der Séil schreift, dann hëlleft hien domat, datt déi uerg Zäiten net an de Vergiess geroden.
An elo kënnt hei op eemol een, deen näischt geleescht an näischt erlieft huet, an dee wëllt och säi Pefferkär
bäileeën?! … Abee, dorëm geet et grad elei: D’Zopp kritt dach eréischt Geschmaach, wa Salz a Peffer dran ass. An dësen Erënnerongungen an Niewesaachen geet bewosst wéineg oder guer keng Rieds vun deene grousse geschichtlechen Ereechnësser, déi mer jo ewell aus e sëlleche Publikatiounen iwwert deen Thema kennen. Si wëlle just beschreiwen, wéi et engem lëtzebuerger Jong deemools zemutt wor, dee probéiert huet, fir mat deenen drolegste Situatiounen eens ze ginn – a wa méiglech nees gesond heemzekommen.