Dem Greg säin Tagebuch

E Comic-Roman

von ,

De Greg huet vu senger Mamm en Tagebuch geschenkt kritt. An dat, obwuel Tagebicher
dach am Fong nëmmen eppes fir Meedercher sinn! Oder vläicht dach net? Jiddefalls fänkt
de Greg einfach emol un, dran ze schreiwen an ze molen: iwwer säi blöde Brudder, seng Elteren, säi beschte Frënd Robi, deen him dacks déck op d’Schlappe geet, den alldeeglechen Iwwerliewenskampf an der Schoul, e grujelegt Geeschterhaus an iwwer de verbuedene sténkege Kéis.

„Fir unzefänken wëll emol ech eppes kloerstellen: Dëst si meng MEMOIREN, et ass KEEN Tagebuch. Et war menger Mamm hir Iddi. Mä wa si mengt, ech géif hei meng „Gefiller“ oder esou e Quatsch draschreiwen, da läit si komplett dernieft. Deen eenzege Grond, firwat ech dëst alles matmaachen, ass deen, datt ech enges Daags räich a berühmt ginn a meng Memoire da ganz nëtzlech wäerte sinn. Mä am Moment muss ech mech nach mat elauter Idioten erëmklappen.“

De Welterfolleg! Elo och op Lëtzebuergesch, iwwersat vum Georges Hausemer