Eiser Soen

von

De Mil GOERENS huet 3 Bicher op Lëtzbuergesch iwwer Soen aus dem Herzogtum Lëtzebuerg an de Grenze vu 1659 geschriwwen, also ier eis Noperen äis dräi Véierel vun eisem Territoire ofgegarrelt haten.

An den 3 Bicher ass rieds vun:
– Hexen an Hexeprozesser
– Hexemeeschteren a vum Däiwel
– Hellegen a Wonneren
– Tempelritter an anere couragéierte Ritter
– Risen an Zwergen
– Näischnotzen a raffinéierte Matmënschen
– Maarkeréckler an Hiewanen
– komesche Jeeër an anere bossege Patréiner
– Gespenster a Geeschter
– gespenstegen Déieren
– Moueren a Suppen
– versenkte Klacken an anere Phänomenen
– Trauliichter an Ierliichter

Di dräi Bicher si geografesch opgedeelt, an zwar vun Norden no Süden:
Buch 1: D’Kantone Wolz, Dikrech, Miersch, Lëtzebuerg an Esch
Buch 2: D’Kantone Klierf, Réiden a Capellen, donieft Neibelgien an d’Province de Luxembourg
Buch 3: D’Kantone Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech an di fréier däitsch Territoire vun der Äifel, willkürlech an Nordwestäifel a Südäifel opgedeelt

Op iwwer 2000 Säiten kritt den intresséierte Lieser eng zimlech détailléiert Iwwersicht, ënnermoolt mat den dozougehéirege Fotoen, iwwer dat wat sech am Mëttelalter an eisen Territoiren zougedroen huet a wat d’Fantasie vun de Leit déi Zäit befligelt huet.