Schaarf Munitioun

Dem Fischbach säin 2. Fall

von

Schaarf Munitioun ass no Den drëtte Schlëssel den zweeten Deel mam jonken, éiergäizegen Enquêteur René Fischbach.

No enger Rei Ulafschwieregkeeten huet sech den Haaptpersonnage an de vergaangene fënnef Joer zu engem vun de beschten Ermëttler an der Lëtzebuerger Gendarmerie entwéckelt, an dowéinst ginn him déi schwieregst Kriminalfäll iwwerdroen.
Ëmmer nees geréit hie viru Schwieregkeeten, déi net ze léise sinn. Am Laf vun der Zäit gëtt him ëmmer méi bewosst, dass dat net u senge Kompetenze läit, mä dass eng Uklo viru Geriicht bewosst verhënnert gëtt. Dat féiert esou wäit, dass hien zwar erausfënnt, wien hannert der Dot stécht, déi Beweiser, déi néideg wären, fir de Responsabele festzehuelen, awer manipuléiert ginn oder esouguer verschwannen.

Den zweeten Deel vun der Serie, Schaarf Munitioun, spillt am Joer 1968 zu Dickweiler, an der Géigend vun Iechternach, a féiert de Fischbach bis op Heidelberg a Kopenhagen, wou e wichteg Indizien an Zeie fir seng Enquête fënnt. Een Nato-Manöver war schifgaang – e lëtzebuergesche Militärgrupp gouf mat schaarfer Munitioun beschoss – een Zaldot gouf verwonnt. Kuerz drop gëtt de Juegdchalet, an deem den Ugrëff stattfonnt huet, an d’Luucht gesprengt. De Fall schéngt schwiereg an obskur, me de Fischbach setzt alles drun, der Saach op d’Spur ze kommen, ma bei sengen Ermëttlungen ass hien ni ganz eleng …

Den Auteur huet am Virfeld vill iwwer déi historesch Realitéiten zu Lëtzebuerg recherchéiert, a léisst esou eng spannend Mëschung aus Fakten a Fiktioun a seng Kriminalgeschicht afléissen.