Sorry, fir deen Duercherneen!

Satiresche Réckbléck op 2016

von

Sorry fir deen Duercherneen ass en
ofwiesslungsräiche politsatiresche
Réckbléck iwwert dat, wat 2016 uechter
d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert
d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat
bëssegen, kriteschen a wuertwitzege
Kommentaren. Et si keng eenzel
Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en
zesummenhängenden Text, a Form vun
engem Rollespill.
Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit
zesumme mam Museker Jules Arpetti – am
Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt
de 26. Januar 2017 am Centre National de
Littérature zu Miersch opgefouert.